ThiGre.lu

Thierry Greisch

THIERRY GREISCH

Mäin Numm ass Thierry Greisch an ech wëll mat dëser Internetsäit e klengen Abléck a verschidde vu mengen Interessensfelder ginn. Ech sinn e ganz aktive Scout an Scoutschef, well ech ech gäeren mäi Wëssen un anerer weiderginn a well d'Natur fir mech meng "place to be" ass. Dat heescht do fillen ech mech wuel a kann meng Energie entfaalen a benotzen. Am allgemengen engagéieren ech mech gär fräiwëlleg fir aner Mënschen a fir eis Ëmwelt. Ech schaffen z.B. och un der lëtzebuerger fräier online Enzyklopedie fir se mat méi Informatiounen ze fidderen an ze suergen, dass ëmmer déi aktuellst Saachen drastinn.

 

Des Weideren sinn ech un der Fotografie, der Videographie an der Gestaltung vu Websäiten interesséiert. Dës Themen sinn och den haaptsächleche Bestandeel vun dëser Internetsäit.

Hei fënns Du e puer Photoen, déi méi oder manner regelméisseg aktualiséiert ginn, Videoproduktiounen déi op der bekannter Videoplattform ze gesi sinn a puer Informatiounen zum Opbau- an dem Gestaltungsprozess vu menger eegener Internetsäit.

D'Formular get fortgeschéckt...

't ass e Feeler opgetrueden. Weg. dem Webmaster Bescheed soen. Merci!

D'Formular ass ukomm. Merci!

Du wëlls Kontakt mat mir ophuelen?

 

Kee Problem benotz d'Kontaktformular hei niewendrun oder schreif mer einfach eng E-Mail mat Denger Fro, Ureegung oder Denger Matdeelung!

 

info(at)thigre(.)lu

Wichteg Informatiounen - Copyright

Dës Internetsäit ass optiméiert ab enger Browserbreet vun op mannst 900 Pixelen!

Design, Text, Photos and Videos by Thierry Greisch ©2015-2017